Mäi Numm ass Lisa an ech kommen aus engem klengen Duerf dat sech Iwwersiren nennt, mee ech hunn déi läscht fënnef Méint net méi do, mee zu Kathmandu gelieft, wat ech der ONGD-FNEL, enger Organisatioun, déi sech am Nepal asetzt an déi aus de FNEL Guiden a Scoute Lëtzebuerg ervir gaangen ass, an dem Service National de la Jeunesse ze verdanken hunn.

Viru fënnef Joer huet mäin Brudder seng Première gemaach an sech dozou entscheet, en Gap Year ze maachen. Wärend dem Joer huet hie fir véier Méint en Fräiwëllegendéngscht zu Lima am Peru gemaach an huet do an engem Meederchersheem geschafft. Ech hunn déi Iddie, eleng wäit fort an en friemt Land ze goen an do fräiwëlleg ze schaffen deemools schonn immens fonnt. Nodeems hien no deene véier Méint erëm heem komm ass a begeeschtert vu senger Aventure erzielt huet, war fir mech kloer, dass ech no menger Première och en Volontariat maache géif.

 Vue dass ech déi lescht dräi Joer am Lycée Spuenesch geleiert hunn, war mäin éischte Gedanken, a Südamerika ze goen, fir déi Sprooch nach besser ze leieren. Op menger Diplomiwwerreechung krut ech dunn awer mat voller Begeeschterung vun der ONGD-FNEL an hire Projeten am Nepal gezielt an hu mech schlussendlech géint Südamerika a fir de Nepal decidéiert. Fir eng Organisatioun déi ‘The Umbrella Foundaton’ heescht fir genau ze sinn.

Sou ass et dunn den 31. Januar fir mech lassgaangen. Meng bescht Kollegen si mat mer op de Findel gefuer an et war alles aneres wei einfach, hinne mam Hannergedanken, dass ech si fënnef Méint laang net méi gesinn, Äddi ze soen. Mee richteg traureg war ech och net. Dofir war dat, wat mer nach bevirstoung, vill ze opreegend. Ech sinn iwwert Istanbul op Kathmandu geflunn. Den 1. Februar géint 11 Auer moies sinn ech dann endlech do ukomm. ‘Umbrella’ hat mir eng Kummer an engem Guest House net wäit vun hirem Büro zu Kimdol, wat direkt beim Afentempel läit, reservéiert. Do hunn ech dunn och déi fënnef Méint laang gewunnt.

‘The Umbrella Foundation’ ass eng ONG déi 2005, also ee Joer befiert de Biergerkrich am Nepal eriwwer war, gegrënnt ginn ass an sech deemols géint de Kannerhandel am Nepal agesat huet. Wärend dem Krich hunn vill Familljen, déi an den Dierfer vum Nepal gewunnt hunn, hier Kanner an d’Haaptstad Kathmandu geschéckt an der Hoffnung, dass se do en bessert Liewe kéinte féieren. Sou goufen déi Kanner da vun hiren Eltere getrennt an ‘Umbrella’ huet ugefaangen, Heemer a ganz Kathmandu fir si ze bauen an deenen se wunne kennen, eppes Anstänneges z'iesse kréien, hier Rechter respektéiert ginn an an deenen anstänneg no hinne gekuckt gëtt. Zousätzlech huet ‘Umbrella’ probéiert, d’Famillje vun de Kanner ze fannen an si erëm ze vereenege wann et méiglech war. Mëttlerweil sinn déi Kanner bal all Jugendlecher oder erwuesse ginn a liewen erëm bei Familljememberen oder an enger Gaaschtfamill, mee ‘Umbrella’ këmmert sech nach ëmmer em si a virun allem em hier Educatioun. 

Den éischte Mount hunn ech net all ze vill vun de Jugendlecher gesinn. Ech hunn mat deenen zwee anere Volontairinne vun ‘Umbrella’ am Büro geschafft a mir hunn déi éischt zwou Woche gréisstendeels Recherchen iwwert ‘Youth Clubs’ a verschiddene Länner gemaach, virun allem iwwert hier Erfolleger a Mësserfolleger, well am Mäerz en Jugendhaus vun ‘Umbrella’ zu Kathmandu opgaangen ass, den ‘Chautari Youth Club’. Wou mer bis domadder fäerdeg waren hu mer déi nächst Zäit domadder verbruecht, zesumme mat den Educateuren, déi am ‘Youth Club’ vun ‘Umbrella’ schaffe wäerte soubal en opgeet, Dekoratioun, Brietspiller, a Sportmaterial wei Dëschtennisraquetten, Fussbäll, Basketbäll, Sprangseeler, etc. ze kafen. An nodeems mer alles hate wat mer gebraucht hunn, konnte mer endlech domadder ufänken dat fonkelneit Gebai, dat extra fir dëst Jugendhaus gebaut ginn ass, anzeriichten, ze dekoréieren an eis kreativ auszeliewen.

 

Den 19. war dunn déi grouss Erëffnung, déi en richtegen Erfolleg war. Elo kann all Jugendleche vu Kathmandu an dat Jugendhaus eran a eraspadséiere wei en grad Loscht huet, sech do mat Kollegen treffen an zesummen Téi drénken, spillen, schwätzen, Bicher aus der klenger Bibliothéik oder Broschüren iwwert Gesondheet, onofhängegt Wunnen, Sexualitéit an nach vill aner Themen, dei fir Jugendlecher interessant sinn, liesen. Gratis Computer Coursen an deenen een déi wesentlech Saache wei Microsoft Word, Excel, Powerpoint, E-mail Accounts an anerer erkläert kritt gi puer mol an der Woch ugebueden. All Samschde gëtt et en ‘Workshop’ un deene jiddereen dee well deelhuele kann an an deenen d’Educateuren de Jugendlechen Themen wei ‘Constent’, ‘Stress Management’, ‘Sexual and Reproductive Health’, ‘Course Orientation’, ‘Internet Safety’ an anerer méi no bréngen. Zousätzlech gëtt et och nach en ‘Community Cleaning Program’, bei dem déi Jugendlech an d’Educateure vum ‘Chautari Youth Club’ ee Mol am Mount duerch d’Staat lafen an de ganzen Dreck a Knascht, den am Nepal leider normalerweis einfach op d’Strooss oder an d’Flëss geheit gëtt, oprafen a recycléieren.

 

Säit der Erëffnung vum Jugendhaus sinn déi aner Volontairë vun ‘Umbrella’ an ech reegelméisseg dohinner gaangen an hunn dann do mat de Jugendlechen Zäit verbruecht an den Educateure gehollef. Ech hunn déi Zäit och am Büro vun ‘Umbrella’ en ganze Computer Cours entwéckelt. Dono huet mäi Chef mech gefrot, ob ech net en klenge Video iwwert den ‘Chautari Youth Club’ wielt dréinen, den si dann hire Spender (dorenner och d’ONGD-FNEL) weisen an op hire Social Media Plattforme poste kéinten. Also hunn ech d’Mataarbechter vun ‘Umbrella’, d’Educateuren an déi Jugendlech interviewt, sinn duerch d’Jugendhaus gelaf an hunn divers Saache gefilmt a festgehalen an dono de Video geschnidden. Am Mee hunn déi Jugendlech dunn bemol ugefaangen ze froen, ob mir keng Englesch Coursen fir si hale wéilten. Sou ass et dunn komm dass mir Volontairinne jeeweils en kompletten ‘Beginner’, en ‘Intermediate’ an ee ‘Advanced’ Cours opgestallt an zweemol an der Woch de Jugendlechen dobäi gehollef hunn, hiert Englesch ze verbesseren. Dat war dunn och déi Beschäftegung, déi ech bis ech Enn Juni goe misst gemaach hunn.

 

Déi fënnef Méint iwwer hunn ech allerdéngs net nëmme geschafft. Am Mäerz huet mäi Brudder mech fir dräi Woche besicht an ech hu mer dovunner eng fräigeholl fir mat him bëssen duerch d’Land ze reesen an en Trek ze maachen. Am Abrëll sinn dunn och nach zwou Frëndinne mech besiche komm a mat hinnen hunn ech all déi touristesch Attraktiounen zu Kathmandu an do ronderëm gesinn. Am Endeffekt war ech net nëmmen an der Haaptstad, mee och zu Sauhara, Pokhara, Nagarkot, Bhaktapur, Kirtipur, Bandipur an hunn de Poon Hill Trek gemaach.

Déi 148 Deeg déi ech dohanne verbruecht hunn waren éischter eriwwer wei erwaart an ech misst menge Frënn, Mataarbechter a Jugendlechen dohanne vill ze frei Äddi soen. Mee am Endeffekt war ech net sou traureg wei geduecht wou ech erëm zu Lëtzebuerg ukomm sinn an ech war awer och richteg frou meng Kollegen a Famill erëm ze gesinn. Fir mäin Service de Coopération, den normalerweis sechs Méint laang ass, ze completéieren, muss ech nach ee Mount bei der ONGD-FNEL um Büro schaffen, an kréien elo Ablécker an déi ganz Organisatioun. Allem an allem sinn ech richteg frou, dass ech mech no villen Zweiwel an no laangem Iwwerleeë leschten Hierscht dozou decidéiert hunn, dat heiten ze maachen. Et war definitiv eng richteg gutt Erfarung an ech géif déi elo och géint näischt méi antauschen.