Imprimer

De 27. an 28. Februar 2016 hunn déi 43 Scouten, déi am Summer mat op de Solidaritéitscamp am Nepal matginn, sech am Home vun de Mamer Wisele getraff. An dëser Formatioun, wollt de Staff si déi nepaleesesch Kultur entdecke loossen, si fir d’Entwécklungshëllef sensibiliséieren a si op spezifesch Punkte preparéieren.

De Weekend huet samschdes mat enger Prise de Contact a Form vu Spiller, ugefaangen. Du koumen e puer Atelieren: A klenge Gruppe kruten d’Scouten d’Méiglechkeet d’Bräich vum Land z’entdecken a Platen aus där Géigend, mat der Hëllef vu nepaleesesche Käch, ze kachen. Si hunn och iwwert de Concept vun der Entwécklungshëllef nogeduecht an hunn eng “Charte de Bonne Conduite” opgestallt.

Nom nepaleeseschen Iessen, dat si selwer preparéiert haten, krute si d’Fotoe vun der Virbereedungsrees am Februar presentéiert an duerno goufen nach nepaleesesch Spiller gemaach.

Sonndes hat de Staff Atelieren iwwer Material, Hygiène an Preventioun vu Krankheeten organiséiert, éier de Claude Kaiser de Weekend, mat der Presentatioun vun der ONGD-FNEL an hire Projeten, ofgeschloss huet.

Et war also e Formatiounsweekend dee vill iwwert de Nepal erzielt huet, wat e gudden Avant-Goût fir de Summercamp gëtt.