Éiert ech an den Nepal geflu sinn hunn ech mer iwwerluet, wat fir e Projet ech mat de Kanner am HRDC maache kinnt. Ech hu vill iwwer d’Selbstbild vun engem Kand mat enger kierperlecher Beanträchtegung nogeduecht an et huet net laang gedauert an ech sinn op d’Iddi komm eppes mat Selbstduerstellung ze maachen. D’Kanner sinn am Kontext vun hirer Behënnerung ëmmer mat Virurteeler konfrontéiert well viru Virurteeler ass kee gefeit. Meng Famill gesäit mech anescht wie meng Schoulkomeroden oder d’Leit deenen ech op der Strooss begéinen... D’Fro bei dësem Projet war also: Wéi gesinn ech mech selwer?!
De Projet un d’Kanner an d’Elteren ze bréngen, déi (bis op e puer Ausnahmen) nach nie eng Kamera gesin hunn, war spannend. D’Begeeschterung war grouss a mir hunn direkt ugefaang e Plakat op Nepalesesch an Englesch ze maache wat erklärt wat mer wéini a wou maachen. Du si mir als klengt Team vu Fotografinnen a Fotografen duerch Spidol gezu fir eis Foto’en ze maachen. All Kand huet sech selwer dierfen op der Foto duerstellen: verschiddener wollten net, dass een hier Beanträchtegung geséit, anere war dat komplett egal. Déi eng wollten hier Elteren oder Kollegen op der Foto drop hunn, oder hun sech selwer als Museker mat enger Gittar inszenéieren. Alles war erlaabt an et war interessant ze gesi wat jiddereen sech fir Gedanke gemeet huet.
Mir hu vill geleiert iwwert Kommunikatioun a Respekt a mir hu geleiert, dass Foto’en nët ëmmer eescht musse sinn an ee och mol eng Kéier deck grinsen däerf. Dee schéinste Moment um ganze Projet war definitiv deen, wann d’Fotografin oder de Fotograf d’Foto, iwwert déi all eenzelnen sech jo vill Gedanke gemeet huet, iwwerreecht huet an näischt um wäisse Pobeier ze erkenne war. Wann no e puer Sekonnen dann d’Bild ugefaangen huet sech ze entwéckelen, hunn se ëmmer erëm op d’Foto, an dann op eis gekuckt, bis mer alleguerten einfach nëmme gestraalt hu vu laachen.