En novembre 2015, un reporter de RTL a accompagné la mission de l'ONGD-FNEL au Népal.

 

Le reportage tourné pendant cette mission auprès des partenaires népalais sera présenté au Journal de RTL le samedi 2 janvier 2016.

 

Mäin SVC am Nepal geet esou lues zu Enn, d’Zäit ass verflunn, mee dat seet wahrscheinlech jiddereen, deen eng Kéier d’Chance hatt e Fouss an dëst wonnerschéint Land ze setzen. Meng Zäit am HRDC an am Nepal woar spannend, erausfuerdernt a wonnerschéin.

Am Oktober hunn ech ugefaang, mech als Volontaire bei Right4Children zu Pokhara ze engagéieren. Right4Children ass eng lokal ONG, déi sech, wéi den Numm et seet, fier d'Rechter vun Kanner a Jugendlechen engagéiert.