Mäin SVC am Nepal geet esou lues zu Enn, d’Zäit ass verflunn, mee dat seet wahrscheinlech jiddereen, deen eng Kéier d’Chance hatt e Fouss an dëst wonnerschéint Land ze setzen. Meng Zäit am HRDC an am Nepal woar spannend, erausfuerdernt a wonnerschéin.

Spannend, well ech esou vill nei Saache gesinn a geleiert hunn: ech weess wéi ech um Dach vum Bus fuere kann, ouni ze stierwen, ech kann Uno op nepalesesch erklären, ech weess dass et Kanner ginn, di nach ni eng Spillsaach gesinn hunn an dass een enEea 4 Stécker deele kann, wa 4 Frënn zesumme sinn an dass net nëmmen datEe, mee alles, wierklech alles gedeelt gëtt.Privatsphär ass e Friemwuert fir d’Nepali’en mat all senge Vir- an Nodeeler, déi dat villäicht fir eis Leit aus dem Westen huet. Et ass ee ni alleng, mee fir dat Gefill vu Famill a Frëndschaft, dat engem vun deelweis wëllfrieme Mënschen entgéintbruecht gëtt, verzichten ech gären op en Deel vu menger Privatsphär.

Erausfuerdernd woar et op zwou verschiddenen Ebenen: Nepal ass e Land, wat relativ ofhängeg vun NGO’s an hirer Aarbecht ass. Konkret hunn ech et a menger Aarbecht doru gemierkt, dass d’Materialien a Spillsaachen, déi et am HRDC ginn a quasi alleguervu Volunteers matbruecht gi sinn, extrem wäit ewech vun der Liewenswelt vun de Kanner sinn. Di meeschte kleng Patienten aPatientinne kommen aus Dierfer, di heiansdo eng 10 Dagesrees vum Spidol ewech sinn, an hunn nach ni e Buch oder eng Spillsaach gesinn.

Virun allem an de Bicher gëtt eng Welt duergestallt, déisiiwwerhaapt net kennen: voll mat Leit, di eng wäiss Hautfoarw hunn an an engem Bus setzen, wou jiddereen séng eegene Sëtzplaz huet. Oder Flashcards mat deenen Englesch geléiert gëtt,weise beim „C“ e Computer a beim Buchstaw „D“ eng ‚doll’. Schwiereg zeerkläre, wat e Computer ass, wann et an dem Duerf, wou d’Kand hierkënnt emol kee Stroum gëtt...

Et gi vill kulturell Strukturen an déi ee sech esou lues a lues erafille muss. Eng grouss Erausfuerderung ass et awer virun allem emotional. Mech perséinlech dagdeeglech mat de Privilegien ausenaner ze setzen, déi mäi Liewen an Europa mir bidd, dagdeeglech der Kanneraarbecht, der Aarmut an der Marginaliséierung vu Mënsche mat Beanträchtegungen an d’Aen ze kucken, dat ass eng Erausfuerderung, déi vill Kraaft kascht, an no enger Äntwert verlaangt, déi ech a menger Zäit hei am Nepal nach net fonnt hunn. Och no 4 Méint ginn ech net mat menger Onmuecht eenz, net alles veränneren ze kënnen. Mee ech hu missen akzeptéieren, dass ech net alleng d’ganz Welt emdréie kann.

Dofir hunn ech mir eng eegen Taktik entwéckelt. Meng Welt hei funktionéiert mat Laachen. Ech ka kee Kand schützen net missen ze schaffen, ech hunn och net d’finanziellMéiglechkeete fir all Kand an d’Schoul ze schécken, mee wat ech kann, ass nolauschteren, ech ka mäin Ouer verschenken an alles ophuelen, wat aus deene klenge Käpp eraus muss. An ech kann d’Kanner zum Laache bréngen. Dat kann ech an domat schaffen ech. An och wann dat no wéineg kléngt ass et e Puzzledeel, deen de Puzzle zesummenhält, een Zännrad an deem ganze Prozess, deen ouni Donnateuren, mee eben och net ouni all di kleng Leit, d’Volunteers, déi hiert Ouer verléinen a Laache verschenke, leeft.

Ech hunn an deene 4 Méint dozou bäigedroen de Kanner am HRDC hiert Liewen e bësse méi witzeg ze maachen an sou kitscheg wéi et klengt, hunn ech hei eng wonnerschein Erfahrung gemeet, déi ech hoffentlech ni a mengem Liewe vergiesse wäert!